2018 war een dovun ausgaangen, datt een no engem bis 2 Joer eng Demande vu 50 bis 100 Fäll d’Joer, also ee bis 2 Fäll d’Woch hätt. Déi Zuel ass bis ewell awer bei 15-20 Fäll pro Joer bliwwen. D’Pandemie huet doran eng Roll gespillt, ma de Service ass och net bekannt genuch.
D’Police huet 2020 943 Mol wéinst haislecher Gewalt intervenéiert, 278 gouf den Täter op Uerder vum Parquet fortgeschéckt. Et géing e klore Besoin fir d’Afferambulanz ginn, déi virop mat Victimme vu Gewalt am Stot ze dinn huet, dat géingen d’Zuele weisen, seet de Rechtsmedeziner Thorsten Schwark vum Staatslabo. De Problem wier d’Bekanntheet...: “Selbst diejenigen, die wir in Fachkreisen antreffen, also beispielsweise den Rettungsdienst, wenn ich mal einen Fortbildung für einen Rettungsdienst mache und dann frage “Kennen Sie eigentlich Umedo?”, da blick ich in fragende Gesichter letzten Endes. Das ist sicherlich ein Punkt, wenn selbst diejenigen, die eigentlich professionell auch auf Opfer von Gewalt treffen, diesen Service nicht kennen, dann ist der Bekanntheitsgrad nicht groß genug.”
D’Zuele vun de leschten 2 Joer wieren awer och net ganz representativ, well et fir d’Affer duerch d’Pandemie méi schwéier war, diskret vum Täter fort ze kommen. D’Umedo-Ekipp schafft elo un enger Campagne, fir och op den digitalen a soziale Medie present ze ginn, an iwwert dee Wee méi Leit z’erreechen.
Et hätt een nämlech bis ewell och gesinn, datt d’Affer déi sech gemellt hunn, engem gewësse Profil entspriechen, seet d’Martine Schaul vun der Rechtsmedezin am Staatslabo: “Net vill Jonker, an net vill méi aler, domat mengen ech Pensionären, also wierklech méi de mëttleren Alter, beruffstäteg Leit, déi och oft gutt informéiert sinn, och selwer vläicht duerch Recherchen op de Projet opmierksam gi sinn an da selwer d’Demarchë maachen an d’Initiative huelen. Op där anerer Säit hu mer och e puer Fäll, déi kommen iwwer Hëllefsorganisatiounen.”
De Gros vun de Leit, déi an de leschte 4 Joer bei d’Afferambulanz komm sinn, ware Fraen - dat léich awer och dorun, datt Frae méi dacks Affer vu Gewalt am Stot ginn an an dëse Situatiounen, an deenen d’Affer den Täter gutt kennt, och méi Hemmunge bestinn, fir eng Plainte ze maachen. Hir Blessure ginn dofir mol dokumentéiert a wärend 10 Joer versuergt, wat de Verjärungsfriste vun dëser Zort Strofdoten entsprécht.
Am Prinzip kënnen d’Affer hir Blessuren och am Spidol dokumentéiere loossen, fir dass se net musse bis op Diddeleng fueren: “Do misste mer allerdéngs feststellen elo iwwert d’Joren, dass dat hei gutt ugeholl gëtt, an och geschätzt gëtt, wat mir eis doduerch erklären, dass hei kee Publikumsverkéier ass, dass een hei éischter keng Leit trëfft, per Zoufall, déi een da géif kennen als Affer, oder déi ee géifen drop uschwätzen. Hei kann ee wierklech méi inkognito hikommen, ouni dass een et matkritt.”
Wéi dacks et bis elo am Endeffekt awer zu enger Plainte koum wéist een net, esou d’Martine Schaul, well dat net automatesch géing matgedeelt ginn. Just an eenzele Fäll wier den Affekot vun der Persoun oder d’Police d’Donnéeën duerno mat der Erlabnis vum Affer siche komm: “Wann d’Persoun selwer hir Fotoe siche kënnt, do hu mer de Suivi net. Dat ass méi oft virkomm. Wat se dann domat mécht, ob déi beim Affekot afléissen oder wou déi duerno Verwäertung fannen. A wat mer bis elo wierklech net haten, ass, dass mir op Basis vun deenen Donnéeën, déi mir sammelen, eng Expertis vun eis aus schreiwen, op Ordonnance vum Geriicht oder Parquet.”
Nieft den 63 Persounen, déi zanter 2018 op de Service Umedo zréckgegraff hunn, hätt een och ongeféier dräi Mol sou vill Telefonater gefouert. Dat wieren zum Beispill Fäll, déi op aner Plaze weidergeleet ginn, wa schonn eng Plainte gemaach gouf oder wann et ëm Mannerjäreger geet.