No Demissioun aus Conseil de Gérance vun eSantéAgence funktionéiert weiderhin, AMMD opgefuerdert, nei Geranten ze nennen

Fanny Kinsch
De Minister vun der Sécurité Sociale Claude Haagen huet an den Äntwerten op zwou parlamentaresch Froen Detailer zu der Zukunft vun der eSanté genannt.
© RTL

Nodeems d’Doktesch- an Zänndokteschassociatioun Enn Oktober aus dem Conseil de Gérance vun der Agence eSanté demissionéiert huet, hätten déi fir d’Gesondheet an d’Sozialversécherung zoustänneg Ministere Lenert an Haagen direkt reagéiert. Si hätten d’Vertrieder vum Staat an deem Gremium opgefuerdert, sech formell un d’AMMD adresséieren, fir si z’invitéieren, zwee nei Geranten ze nennen.

Dat äntwert de Claude Haagen en Dënschdeg op zwou parlamentaresch Froe vun der CSV engersäits an der DP anerersäits. Bis dohi wier d’AMMD awer nach ëmmer an den Aarbechtsgruppe vertrueden an d’Agence e-Santé kéint och weiderhi funktionéieren. An der Äntwert geet de Minister och op geplangte Verbesserunge beim elektronesche Patientendossier an. Ënner anerem soll kënschtlech Intelligenz et de Patienten an de Professionelle méi einfach maachen, den DSP ze benotzen.

Back to Top
CIM LOGO