
D’Aiden, fir säin Haus oder seng Wunneng géint de Fluchkaméidi ze isoléieren, ginn erop. Fir en Haus läit de maximale Montant elo bei 16.000 Euro, fir eng Wunneng bei 8.000 Euro.
Déi eligibel Stéit gi per Bréif doriwwer informéiert. Déi Aide gëllen awer just fir eeler Gebaier - d’Baugeneemegung muss virum 31. August 1986 accordéiert gi sinn.
De Projet de Loi gouf en Donneschdeg de Mëtteg mam Accord vun all de Parteien an der Chamber mat 59 Jo-Stëmmen, kenger Enthalung a kenger Nee-Stëmm ugeholl.