D'Petitioun fir e generaliséierten Tiers payant beim Dokter hei am Land kënnt bei de Leit gutt un. Iwwer 6'400 Persounen hu se bis ewell ënnerschriwwen an et kënnt sécher zu engem ëffentlechen Debat an der Chamber iwwert d'Fuerderung, datt d'Patienten beim Dokter vun Ufank un just nach hiren Deel vun der Rechnung bezuele missten.
D'Dokteren awer waren a bleiwe skeptesch. De President vun der Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren AMMD, den Dr. Alain Schmit huet um Mëttwoch de Moie vun engem falschen Debat geschwat.
De Pseudo-Comfort fir de Patient hätt Risiken an Niewewierkungen. D'Onofhängegkeet vum Dokter, d'Vertrauensverhältnis Dokter-Patient wier a Fro gestallt an den Tiers payant géif de Wee fräi maachen bei eng Staatsmedezin.
Lëtzebuerg ass nieft der Belsch a Frankräich dat eenzegt Land an Europa, dat kee generaliséierten Tiers payant-System kennt. Firwat geet et am Ausland an net hei? Den Invité vun der Redaktioun erkläert den Ënnerscheed mat der Monopolstellung vun der Krankekeess hei am Land, déi di aner Länner net hunn.
Wann een d'Diskussioun eescht hëlt, misst een iwwert d'Eegebedeelegung vun de Patienten nodenken an déi iwwerschaffen, mengt den Alain Schmit. Donieft misst ee kucken op genuch Persoune vum Tiers payant social profitéiere kënnen.
Invité e Mëttwoch de Moien um 10 op 8 war de President vun der Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren AMMD.