MeteoLuxAlerte jaune vun 21 Auer un: Donnerwieder mat Knëppelsteng méiglech
MeteoLux huet fir dat ganzt Land vun e Mëttwoch um 21 Auer bis en Donneschdeg um 7 Auer eng Alerte jaune erausginn.
Verëffentlecht: 07.09.22 16:31, Update: 15.12.25 10:09
Dëst wéinst méiglechen Donnerwieder, déi staarke Reen an Deels och Knëppelsteng mat sech bréngen. D'Wandvitesse gëtt MeteoLux mat 60 bis 70 Kilometer an der Stonn un.
PDF: D'Dokument vu MeteoLux mat allen Detailer