Invité vun der Redaktioun (19. Oktober)Alex Bodry: D'Sozialdemokraten hunn et momentan méi schwéier

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg war den LSAP-Fraktiounspresident eisen Invité vun der Redaktioun.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Alex Bodry
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Wou steet de Sozialismus? Zu Lëtzebuerg an Allgemeng? A wéi eng Léieren zéien d'Sozialisten aus de Gemengewahlen, an en Vue vun den Nationalwahlen?

D'Sozialdemokraten, awer och aner grouss traditionell Parteien hunn et den Ament effektiv méi schwéier, sou den LSAP-Fraktiounspresident Alex Bodry am RTL- Interview. Erklärunge sinn ënnert anerem d'Angscht virun der Globaliséierung a fir sozial ofzerutschen, wat zu Sozialnäid an Auslännerfeindlechkeet ka féieren. De Contraire vun de sozialistesche Wäerter, sou den Invité vun der Redaktioun.

Sécher huet d'LSAP ënnert enger gewëssener Ofnotzungserscheinung ze leiden, ma, et géif dem Land haut besser goen duerch d'sozialistesch Regierungspartizipatioun. Den Alex Bodry huet och ënnerstrach, datt d'LSAP eng Partei ass fir all d'Leit, déi schaffen, an datt et elo drëm geet, hire Profil ze schäerfen, ouni awer onbedéngt méi no riets oder no lenks ze réckelen. Déi richteg Prioritéite misste gesat ginn, an zwar: sozial Gerechtegkeet, Aarbecht am digitalen Zäitalter an Europa. An do misst ee mat eegenen, kloer erkennbaren Iddie kommen. Dat net nëmme fir d'Nationalwahlen, mä méi laangfristeg, sou den Alex Bodry weider, well d'Leit wielen net nëmmen no engem Bilan, mä och en Vue vun den nächste Joren.

En Donneschdeg war den LSAP-Fraktiounspresident eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO