Den traditionelle politesche System a Frankräich ass am Gaangen, z'implodéieren an et muss ee sech d'Fro stellen, ob d'sozialistesch Partei déi nächst Wahlen, déi am Hexagon ustinn als Partei wäert iwwerliewen. Déi Analys huet den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry um Méindeg de Moie vum éischten Tour vun der Presidentielle gemaach.
Datt eng ganz Partie PS-Wieler sech, aus taktesche Grënn, fir den Emmanuel Macron respektiv de Jean-Luc Mélenchon decidéiert hunn, weist, dem Alex Bodry no, datt d'sozialistesch Partei krank a gespléckt wier. Grad wéi di klassesch Droite och.
De Score vun der rietsextremer Marine le Pen an hir Präsenz am zweeten Tour huet den LSAP-Deputéierten erschreckend genannt. Och wann d'Zoustëmmung vun de Wieler par Rapport zu Wahle virdrun, reng rechneresch, souguer zeréckgaangen ass.
Invité vun der Redaktioun e Méindeg de Moien ëm 10 op 8 war den LSAP-Fraktiounschef.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.