
Deputéiert, déi e Kand kréien, kommen net gutt ewech, ënner anerem ass kee Congé maternité a kee Congé parental virgesinn. Fir déi nei gréng Co-Presidentin Djuna Bernard sollt dat sech änneren. Ma bei den anere politesche Faarwe gesi se de grénge Virstouss éischter skeptesch, och bei de Koalitiounspartner. En Deputéierte kéint net mat engem Salarié verglach ginn.
En Deputéierten huet kee Patron, kritt keen Traitement oder Salaire, mä eng Indemnitéit. Am Walgesetz ass dat esou festgehalen. D'Indemnitéit wier eben d'Grondausriichtung an déi a Fro ze stellen, wier problematesch. Et kéint een net ëmmer vun alle Regimme probéieren, déi beschte Situatioun erauszezéien, an all Privileeger, déi bestinn, ze kumuléieren. Et misst ee sech eng gewëssen Tramm ginn an déi och anhalen an hei wär d'Grondausriichtung déi vun der Indemnitéit an dofir kéint een elo net Elementer aus anere Regimmen do dropsetzen, sou den Alex Bodry a verweist op e Mandat, wat de Parlamentarier vum Wieler kritt.
D'Indemnitéit läit bei 375 Punkten, dat sinn ëm 7.000 €. D'Halschent dervunner si Representatiounsfraisen an op déi musse keng Steieren a sozial Laaschte bezuelt ginn. D'Parlamentarier, déi dat wëllen, kënnen awer och op déi zweet Halschent cotiséieren. D'Indemnitéit kann dann zum Beispill och cumuléiert gi mat enger Pensioun.
Da kommen d'Jetonen derbäi. E Sitzungsgeld, wat ee kritt fir ëffentlech Sëtzungen a Kommissiounssëtzungen. Dat sinn 110 € pro hallwen Dag. Da gëtt et nach eng Parkplaz, fir déi 50 Euro de Mount muss bezuelt ginn. D'Fraktiounscheffen an de Parlamentspresident kréien iwwregens méi ewéi den normale Parlamentarier.
En Deputéierten, dee sech krank mellt, kritt d'Basis-Indemnitéit weider, awer kee Sitzungsgeld.
Bei der Krankmeldung gëtt et och zäitlech Limitten. Wann een Deputéierte wärend zwou ganzer Sessiounen méi wéi d'Hallschent vun den ëffentleche Sëtzunge feelt, da verléiert e säi Mandat.
Hei géing eben e ganze System mat Reegele spillen, seet den LSAP-Fraktiounschef an och wann hien d'Doleancë kéint verstoen, wier d'Revendicatioun vun der Djuna Bernard problematesch, well se friem zum System wier.
D'Iddi vun der neier grénger Parteicheffin vun enger Crèche an der Chamber fënnt den Alex Bodry zwar sympathesch, mä hien ass iwwerrascht, datt déi Diskussioun net iwwert deen normale Wee gefouert gëtt, mä bei enger allgemenger politescher Debatt de Sujet erausgezaubert gi wär.
Der Djuna Bernard hir Iddi vun der Crèche hat jo en Donneschdeg och fir eng ganz apaart Situatioun an der Plenière gesuergt. No der Ried vun der grénger Presidentin huet den ADR-Deputéierten Fernand Kartheiser eng 10 Joer al Resolutioun op den Dësch geluecht, déi genee dat verlaangt, also d'Installéiere vun enger Crèche an der Chamber. Déi gréng Fraktioun huet dunn awer do dogéint gestëmmt, zesumme mat der DP an der LSAP. Um Enn gouf d'Resolutioun mat 31 zu 29 Stëmme refuséiert.