De Lëtzebuerger Wuesstemsmodell wäert fir d'ADR zum zentrale Wahlkampfthema ginn, seet den Alex Penning, Generelsekretär vun der Partei. Hie war e Mëttwoch de Moien den Invité vun der Redaktioun.
Wéinst dem stramme Wuesstem hu mer déi deier Logementspräisser a mir erstécken am Verkéier, d'Konsequenze wieren omnipräsent. E patent Rezept géif et zwar net ginn, ma fir d'ADR musse virun allem Impaktstudie gemaach ginn, wann eng Entreprise op Lëtzebuerg kënnt. Wat bréngen déi Entreprisen u Steierrecetten, wéini packe se et op eisen Aarbechtsmarché?
Stéchwuert Google: Do goufen Terraine kaf an iwwer 30 Hektar ginn zu Biissen zoubetonéiert. Déi Leit vu Google komme vu baussen eran, dh keng Leit vun eisem Aarbechtsmaart. Den Alex Penning stellt sech dann och d'Fro, wat do u Steiere bezuelt gëtt, well u sech sollen do just Donnéeë gelagert ginn an do gëtt net produzéiert.
D'ADR géing sech a gesellschaftspolitesche Froen als wäertkonservativ gesinn. Wat d'Réfugiéen ubelaangt fuerdert d'ADR, datt d'Convention de Genève à la lettre ëmgesat gëtt, wat net ëmmer de Fall wier. Réfugié wier ee jo net à vie.
Den Alex Penning geet mat an d'Wahlen, et géinge bei de Kandidatelëschte vläicht grouss Iwwerraschunge ginn, déi dierften awer elo nach net verrode ginn, esou de Generalsekretär.
„Déi Konservativ“ mam Joé thein sengem Familljebetrib géingen der ADR jiddefalls keng Angscht maachen.
Vun der Iddi vun enger "En marche"- Beweegung, déi den Etienne Schneider an d'Spill bruecht hat, hält den Alex Penning näischt, dat wier just eng Verwässerung vu Parteiprogrammer.
Invité e Mëttwoch de Moien um 10 op 8 war de Generalsekretär vun der ADR.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.