D'Luxembourg Art Week fänkt e Freideg un. D'Konschtfoire fir zäitgenëssesch Konscht mat nationalen an internationale Galerien geet antëscht an hir 3. Editioun an huet sech dëst Joer geographesch gesi méi breet opgestallt. De Salon vum Cercle artistique de Luxembourg CAL gëtt dëst Joer am Tramsschapp niewendrun organiséiert an dauert och méi laang wéi d'Foire an der Victor Hugo Hal. Donieft ginn och eng Partie Evenementer mat anere Partner an den nächsten Deeg organiséiert.
Den Initiateur vun der Luxembourg Art Week Alex Reding schwätzt an deem Kontext vun enger Beräicherung- et hätt een d'Ausstellungssurface quasi verduebelt. Hie war um Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
D'Luxembourg Art Week adresséiert sech sou wuel u Collectionneure mat präzisen Iddien, Professioneller aus dem Secteur, Konschtinteresséierter an awer och de breede Public an huet et fäerdeg bruecht d'Zuel vun de Visiteuren vun der éischter op déi zweet Editioun vu 7'000 op 12'000 eropzeschrauwen.
Wéi vill Suerge mécht engem do d'Konkurrenz vun der Luxepo, déi Enn des Mounts also an engem ganz kuerzen Zäitraum, op hir zäitgenëssesch Foire invitéiert?
Den Alex Reding mécht sech do keng Suergen, well béid Foirë géifen net a Konkurrenz stoen.
Ofsoen hätt een wéinst der Foire an der Luxexpo keng gehat. Am Géigendeel. Et hätte sech souguer eng Galerië gemellt, fir bei d'Art Week eriwwer ze kommen.
Invité vun der Redaktioun ëm 10 op 8 war de Galerist an Organisateur vun der Luxembourg Art Week.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.