Invité vun der Redaktioun (30. Juni)Alexander Flassak, CEO vu Lux-Airport

Carine Lemmer
En Dënschdeg de Moien ass de Lëtzebuerger Fluchhafen Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Viru knapp 10 Deeg huet en Accident vun engem Oldtimer-Fliger fir zeg Retarden an Annulatioune gesuergt – iwwer 5.000 Passagéier ware betraff. Iwwerdeems gëtt d'Plaz um Findel ëmmer méi enk. De Fluchhafe muss dowéinst massiv ausgebaut ginn, fir an Zukunft duebel sou vill Leit – dat wieren dann 10 Millioune Passagéier – ze empfänken.

Huet d'Sportfligerei um Findel nach eng Zukunft?

Dat froe mer um 8 Auer den Alexander Flassak, CEO vu Lux-Airport, der Bedreiwergesellschaft vum Lëtzebuerger Fluchhafen.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO