Suivi vum Virfall mat der Antonov AN2Eng technesch Analys soll Kloerheet bréngen

Diana Hoffmann
Eng 5.200 Passagéier ware jo e Sonndeg vu Retarden, Ëmleedungen an Annulatiounen um Flughafe Findel concernéiert.
©
CGDIS / CIS Findel

En Oldtimer Fliger, d’Antonov AN2, hat kuerz viru 17 Auer e Sonnden de Mëtteg en Accident op der Start- a Landebunn vum Findel. Blesséiert gouf awer keen. Wéi et schéngt soll d'Fuerwierk gebrach gewiescht sinn, sou dass de Fliger net méi konnt gesteiert ginn, erkläert den Direkter vu Lux-Airport, den Alexander Flassak. Bis d'Pist nees opgaangen ass, huet et dräi Stonne gedauert.

Suivi vum Virfall mat der Antonov AN2 - Reportage Diana Hoffmann

Dat wichtegst, den 10 Passagéier an dem Pilot, sou wéi dem Co-Pilot, wier näischt passéiert, seet den Direkter vu Lux-Airport, den Alexander Flassak. Nom Accident wier et dorëm gaangen, d’Pist nees esou séier wéi méiglech fräi ze kréien: "Die Enquête technique muss erst das Flugzeug freigeben. Dann muss vom CGDIS geschaut werden, wie das Flugzeug geborgen werden kann. Und das nimmt dann, so wie gestern, drei Studen in Anspruch bis alles beseitigt ist. Bei Start und Landebahn inspiziert wurde, alles gereinigt und der Flugbetrieb wieder sicher möglich ist."

Wat zum Accident ka gefouert hunn, do wollt den Alexander Flassak net spekuléieren. Eng technesch Analyse géing hei Kloerheet bréngen. De Pilot vun der Antonov, deen dës Maschinn scho géing zanter 15 Joer fléien, huet RTL géigeniwwer vu Säitewand geschwat, deen dozou gefouert hätt, dass den Train mam lénke Pneu ageknéckt wier an de Flillek op der Pist opgeschloen ass. En Incident, dee Repercussiounen op 5.200 Passagéier, 1/3 vun alle Fluchpassagéier vun e Sonnden um Findel, hat.

Den Direkter vu Luxair, de Gilles Feith, schwätzt vu geschat 200.000 Euro Schued, déi der Airline duerch Hotelskäschten an Ëmbuchungen entstane sinn. Iwwer 3.500 Luxair Passagéier a 44 Fligere ware betraff.

Wisou awer nach Fliger hunn däerfte starten, mee net landen, hätt dru geleeën, dass een net déi ganz Pist zur Verfügung gehat hätt, seet den Direkter vu Lux-Airport: "Da gibt es operative Einschränkungen und die müssen wir im Nachhinein aufarbeiten und schauen was man zukünftig verbessern kann. Aber trotzdem haben wir glaube ich aus der Situation gestern das best mögliche gemacht."

Den Accident vun e Sonnden war awer net deen éischte vun där Zort. Sou gesäit een de Mix vun der privater an der kommerzieller Fligerei um Findel, wéinst dem staarke Verkéiersopkommes, ëmmer méi kritesch: "Die Koexistenz am Flughafen Findel wird immer schwieriger. Wir hatten im November letzten Jahres eine starke Beeinträchtigung des Flugverkehres durch die Havarie eines Sportflugzeuges und jetzt gestern schon wieder. Und wir sehen auch, das sind riesige Auswirkungen in den 3 Stunden."

Laangfristeg wier kloer, dass et keng Sportfligerei méi soll um Findel ginn. Dat wier och esou am Masterplan fir d’Zukunft vum Flughafe Findel festgehalen: "Wir sind gar nicht gegen die Sportfliegerrei. Wir möchten gerne, dass dieses Hobby und dieser Sport beibehalten werden kann. Aber es ist eben schwer vereinbar mit den grossen Cargo-Maschinen, mit den Verkehrsflugzeugen, mit dem starken Wachstum am Flughafen Findel. Wir sehen dass es immer schwieriger wird und auch kleinere Störungen wirklich riesige Auswirkungen haben."

All Fliger, och Privatfliger, deen e Flughafen däerf ufléien hätt dann eng Lizenz a wier op d’Verkéierssécherheet gepréift. Och wann de verongléckte Fliger, aus der Zäit nom 2. Weltkrich, a Polen ugemellt wier, wier et hei zougelooss, a wier um Findel stationéiert.

Den Direkter vu Lux-Airport, den Alexander Flassak, huet dann och nach betount, dass bei der Inspektioun vun der Start- a Landebunn nom Accident keng Schied un der Pist konnte festgestallt ginn. Hien verweist op de Rapport deen elo erstallt gëtt, dee wäert Kloerheet iwwert d'Ursaach vum Accident bréngen.

Back to Top
CIM LOGO