
Déi allgemeng Aviatioun um Findel dierf net just op eng Niewenaktivitéit oder een Accessoire um Fluchghafen reduzéiert ginn, dat schreift d'Fédération Aéronautique Luxembourgeoise (FAL) en Donneschdeg de Moien an engem Communiqué. D'FAL ënnersträicht, dass dës Aktivitéiten e wichtegen Deel vum lëtzebuergeschen Aviatiounssecteur ausmaachen an dozou bäidroen, Kompetenzen an der Loftfaart hei am Land ze erhalen.
Zu der allgemenger Aviatioun gehéieren net just d'Sportfligerei an d'Business Aviatioun, mee och Veräinsaktivitéiten, Formatiounsfléien a privat Flich.
Donieft leescht déi allgemeng Aviatioun e wichtege Bäitrag fir d'Ausbildung vu Piloten zu Lëtzebuerg. Si hëlleft dobäi, Kompetenzen ze erhalen an ass domat e wichtege Bestanddeel vum lëtzebuergeschen Aviatiounssecteur.
Gläichzäiteg erkennt d'Federatioun un, dass um Findel kloer Reegelen a gutt Koordinatioun tëscht kommerzieller an allgemenger Aviatioun néideg sinn, fir d'Sécherheet ze garantéieren.
An der Diskussioun iwwer d'Zukunft vun der Aviatioun geet et net drëm, fir déi kommerziell Aviatioun géint déi generell Aviatioun auszespillen, mee en equilibréierten a kohärenten Aviatiounsökosystem ze erhalen. Dobäi spillt och d'Zukunft vum Fluchfeld zu Näertrech eng Roll – eng Plaz, déi aktuell just dierf benotzt ginn, fir de Skydiving-Sport auszeüben.
Aner Fligeren dierfen do net landen. D'Federatioun begréisst an deem Kontext déi lafend Gespréicher mam Staat an dem Transportministère iwwer eng méiglech Reaktivéierung vum Site.
D'FAL plädéiert fir eng sachlech Debatt, déi sech op Fakten an déi reell Besoine vun den Notzer baséiert.