Wéi schreiwen ech en CV, wéi sichen ech eng Plaz oder wéi behuelen ech mech an engem Job-Interview? Zanter 20 Joer hëlleft den « Réseau pour le Travail et la Promotion Humaine », Leit bei der Sich no enger Aarbecht.
De President vum RTPH, den Ali Biver, war e Méindeg den Invité vun der Redaktioun.
Datt de Chômage zu Lëtzebuerg zanter 2015 zeréckgeet an den Ament bei 6% läit, erkläert hie mat e puer Facteuren, wéi de Reforme bei der ADEM an de bessere Formatiounen.
Ma, och d'Aarbecht vun der RTPH dréit hiert dozou bei: Eng 450 Dossieren d'Joer ginn traitéiert, e gudden Drëttel vun de Leit kann um éischten Aarbechtsmaart ënnerbruecht ginn, sief et mat engem CDD oder engem CDI, 33% ginn a Formatioun, Benevolat, oder starten eng kleng Entreprise, an 12% ginn an Aarbechtsmesuren.
D'Digitalisatioun dann, déi ass voll am Gaangen a se wäert d'Aarbechtswelt veränneren. A fir datt déi Changementer positiv sinn, missten Educatioun a Gesetzer ugepasst ginn, sou nach den RTPH-President Ali Biver.
E Méindeg de Moien um 10 op 8 war den Ali Biver, President vum "Réseau pour le Travail et la Promotion Humaine", eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.