Lëtzebuerg op 20. Plaz vun der PressefräiheetALJP fuerdert op en Neits en Informatiounszougangsrecht

RTL Lëtzebuerg
Um Internationalen Dag vun der Pressefräiheet fuerdert d'Associatioun vun de Lëtzebuerger Journalisten op en Neits en Informatiounszougangsrecht.

Et wier aarmséileg vun der Lëtzebuerger Politik, dass et nach ëmmer keen esou e Recht géif ginn, dat gesetzlech verankert ass, heescht et an engem Schreiwes vun en Dënschdeg den Owend.

D’ALJP wëll och, dass d’Definitioun vum Beruff vum Journalist méi kloer festgeluecht gëtt, fir dass et net zu Onkloerheete kënnt, wa Pressekaarten oder d’Pressehëllef vergi gëtt.

Donieft missten déi sougenannt “Circulaire Bettel” nees annuléiert gëtt. Doranner steet jo sënngeméiss, dass e Staatsbeamten net mat der Press däerf schwätzen, ouni dat virdrun mat der Chefetage ofzeschwätzen. D’ALJP nennt déi Virgoensweis absurd an Demokratie-feindlech. Och déi iwwerschaffte Circulaire hätt keng Verbesserung mat sech bruecht.

Reporter Ouni Grenzen liwwert iwwerdeems e Mëttwoch Zuelen iwwert d’Situatioun vu Journalisten a Mataarbechter vu Medienhaiser weltwäit. Am Laf vun dësem Joer wieren deemno scho 5 Journalisten wärend hirer Aarbecht ëm d’Liewe komm, 540 géifen der am Prisong sëtzen.

Lëtzebuerg läit der ONG no iwwregens aktuell op der 20. Plaz vun der Pressefräiheet weltwäit. Ee Minuspunkt, seet och Reporter ouni Grenzen, wier de Fait, dass Verwaltungen dacks géifen zécken, fir Informatiounen erauszeginn.

Am Beschte stinn am neie Klassement iwweregens Norwegen, Irland an Dänemark do. China kënnt op déi lescht Plaz.

D'Schreiwes vun der ALJP fir den Internationalen Dag vun der Pressefräiheet 2023.

Back to Top
CIM LOGO