Aus dem PolicebulletinAlkohol an Drogen um Steier

RTL Lëtzebuerg
Vun en Donneschdeg op e Freideg huet d'Police eng Rei Leit geknäppt, déi ënnert dem Afloss vun Alkohol oder Drogen hannert dem Steier souzen.

Ëm 0.15 Auer um Freideg an der Nuecht ass eng Policepatrouille op der N10 vu Steenem a Richtung Iechternach ee Chauffeur opgefall, deen duerch seng Fuerweis op sech opmierksam gemaach hat. Bei enger Kontroll huet sech dunn eraus gestallt, datt de Fürerschäin vum Automobilist u sech schonn agezu gi war. Souwuel den Alkohol- wéi och den Drogentest vum Chauffeur si positiv ausgefall. Dowéinst huet de Parquet ugeuerdent, den Auto ze saiséieren. D’Police huet ee Protokoll erstallt. Um Donneschdegowend gouf der Police ausserdeem géint 17 Auer ee Chauffeur gemellt, deen säin Auto a Schlaangelinnen iwwer d’A4 an d’A13 a Richtung Däitschland manövréiert huet. D’Police huet hien ugehalen a festgestallt, datt och hien ze déif an d’Glas gekuckt hat. Hie misst säi Fürerschäin ofginn an et gouf ee Protokoll ausgestallt.

Back to Top
CIM LOGO