Police-KontrollenAlkohol- an Drogenafloss bei Automobilisten

RTL Lëtzebuerg
Géint 2.45 Auer gouf op der A4, virum Rond-point Raemerich en Automobilist ugehalen a gouf, zesumme mat sengem Bäifuerer, kontrolléiert.
© RTL Archiv

Géint de Chauffeur louch e Fuerverbuet vir a stoung ënner Alkohol- respektiv Drogenafloss. Béid Tester si positiv ausgefall. Wärend der ganzer Kontroll huet den Automobilist sech onkooperativ a provokativ beholl an huet versicht d'Beamte verbal anzeschüchteren. De Mann gouf protokolléiert an huet och missten eng Strof bezuelen, well sech net un d'Ausgangsspär gehale gouf.

An der rue de Roeser zu Béiweng ass e Sonndeg den Owend en Automobilist vun der Strooss ofkomm a krut e Bam ze paken. De Mann konnt selwer aus dem Auto klammen, deen no der Kollisioun zeréck op d'Strooss geschleidert gouf. Hie gouf net blesséiert, den Auto ass allerdéngs Schrott gewiescht. Well de Mann alkoholiséiert war, gouf de Permis agezunn an et gouf e provisorescht Fuerverbuet.

Géint 18.40 Auer e Sonndeg den Owend huet eng Automobilistin op der Streck tëscht Gëtzen a Nouspelt d'Kontroll iwwert hire Won verluer, ass och hei vun der Strooss ofkomm a krut e Bam ze paken. Well d'Fra dobäi liicht blesséiert gouf, koum si an d'Spidol. De Permis gouf agezunn an et gouf e provisorescht Fuerverbuet.

Back to Top
CIM LOGO