
Een dovun ass zu Liewel an en Haus gerannt. De Mann, deen den Auto bei Bekannten ongefrot geléint hat, hat iwwerhaapt kee Führerschäin.
E weidere Chauffer ass de Beamten an der Stad wéinst sengem Fuerstil opgefall. Nom positiven Alkoholtest, gouf dunn och de Permis ofgeholl.
Méi fréi um Sonndeg den Owend ass eng Autosfuererin zu Wäiswampech iwwert eng Kräizung, en Trottoir an e puer Stroosseschëlter ewech op e Parking gefuer, wou si dunn an e geparkten Auto gerannt ass. D'Fra ass doropshin einfach weider gefuer, ma konnt vun der Police fonnt ginn.
En éischten Alkoholtest war positiv an domat de Permis fort.