PoliceAlkoholiséiert Persoune stéieren Nuetsrou a maache geféierlech Manöver mam Auto

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Dënschdeg huet d‘Police hei am Land ronn 40 Mol missen intervenéiere wéinst Stéierung vun der Nuetsrou oder Streidereien.

An de meeschten Fäll huet d’Presenz vun de Beamten op der Plaz dofir gesuergt, dass sech d‘Gemidder berouegt hunn.

An zwou Situatiounen war dat awer net de Fall. Eng alkoholiséiert Persoun gouf op engem Parking um Kierchbierg gemellt, déi Passanten belästegt huet. Well de Mann eng Gefor fir sech an anerer war, hunn d‘Beamten decidéiert den Mann an de Passagearrest ze setzen.

E ganz änlechen Ausgang hat dann eng Situatioun an enger Herberg zu Esch um Boulevard Kennedy. Och hei hat eng alkoholiséiert Persoun randaléiert an aner Gäscht belästegt.

Alkohol am Spill war dann och zu Beetebuerg, hei war an der Nuecht op en Dënschdeg eng Persoun mam Auto ënnerwee, déi am Zickzack gefuer ass. An der Z.A.E. Wolser konnt dës du vun enger Patrull gestoppt ginn, ma de Chauffer vum Gefier war zimmlech onkooperativ. De Permis war nom positiven Alkoholtest awer fort.

Back to Top
CIM LOGO