
En Donneschdeg Owend war der Police en Auto op der A13 a Richtung Esch wéinst senger opfälleger Fuerweis gemellt ginn. Beim Versuch de Chauffer unzehalen, ass dësen trotz Zeechen, fir stoen ze bleiwen, weidergefuer. Op der Héicht vun der Ausfaart Nidderkuer konnten d’Beamten d’Gefier schlussendlech unhalen.
Wéinst dem positiven Alkoholtest huet de Chauffer missten de Permis ofginn. Iwwerdeem hunn d’Polizisten Pefferspray am Auto fonnt an dëst séchergestallt.
E weideren Automobilist huet an der Nuecht op e Freideg missten de Fürerschäin ofginn, well en ze vill gedronk hat. Dëse war op der Héicht vu Wickreng enger Patrull opgefall, well en a Schlaangelinne gefuer a bal mat der Leitplank vun enger Ausfaart kollidéiert ass. Och hei war den Alkoholtest kloer positiv, wouduerch e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt gouf.