Fürerschäin agezunnAlkoholiséierte Chauffer iwwerhëlt mat ze héijer Vitess e Policeauto

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet an de leschte Stonnen zwee Chaufferen erwëscht, déi ze vill gedronk haten.
© Laurent Weber

Géint 23 Auer en Donneschdegowend krut d’Police e Gefier gemellt, dat an der Rue de Grunewald um Sennengerbierg géif am Gruef leien. Ausserdeem wier d’Fuererin méiglecherweis alkoholiséiert. Eng Patrull vun der Police ass op d’Plaz gefuer a konnt de Verdacht confirméieren. Den Alkoholtest war effektiv positiv. Blesséiert gouf d’Fuererin beim Accident awer net. D’Beamten hunn e provisorescht Fuerverbuet géint si verhaangen.

Géint 3.30 Auer e Freidegmoien gouf dann e Policeauto op der A3 an Direktioun Frankräich vun engem Gefier iwwerholl, dat mat héijer Vitess ënnerwee war. D’Beamten hunn de Chauffer op der Héicht vun der Aire de Berchem ugehalen a kontrolléiert. Den Alkoholtest war positiv an dem Mann säi Fürerschäi gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO