3, 2, 1 Take OffCrime-Episod: Wien huet déi 10.000 € geklaut?

Olivier Catani
Den Take Off Studio verwandelt sech an en Tatort. Déi 10.000 Euro Präisgeld si spuerlos verschwonnen. Si goufen aus der Take Off Bank geklaut. Wëllen d'Kandidaten an déi nächst Ronn kommen, musse si den Täter fannen.
3, 2, 1 Take Off: Crime-Episod: Wien huet déi 10.000 € geklaut?
Den Take Off Studio verwandelt sech an en Tatort. D’Präisgeld ass verschwonnen. Wëllen d’Kandidaten an déi nächst Ronn kommen, mussen si den Täter fannen.

De Schlëssel zum Geheimnis

D’Take Off Bank ass zou – an de Schlëssel ass fort. Fir iwwerhaapt an den Tatort eranzekommen, mussen d’Kandidaten de Schlëssel präzis nobauen. Et gëtt geseet, geschrauft, gefeilt an improviséiert. Hei zielt all Millimeter an all Sekonn. Déi éischt Persoun, déi d’Schlass opkritt, ass direkt eng Ronn weider.

Spueresécherung um Tatort

D’Kandidate stinn an der Take Off Bank. D’Iwwerwaachungskameraen? Ausgefall. D’Security? Iwwerwältegt. Den Täter? Hannerléisst just zwee Schëss an enger Mauer. Mat Laserstaangen, Foussofdrock‑Analysen an engem onerwaarten Joker mussen d’Ekippen d’Trajectoiren nozeechnen an erausfannen, wien do wierklech stoung.

Duell ëm dat gefälschten Tagebuch

Mat net-invasive Methode mussen d’Kandidaten erausfannen, wéi eng Säiten am Tagebuch gefälscht goufen. Nëmmen deen, deen d’Puzzlestécker richteg zesummesetzt, ka sech nach virum Aus retten. Wien huet déi 10.000 € geklaut? Wie setzt sech duerch? A wie flitt raus?

Take Off – Science Challenge Show kënnt ëmmer Freides em 19 Auer op der Tëlee, RTL Play an takeoffshow.lu. An nach emol sonndes moies em 11.

Back to Top
CIM LOGO