RollengAlkoholiséierte Chauffer kollidéiert mat zwee Autoen an iwwerschléit sech

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt zwou Kollisioun, eng zu Rolleng an eng zu Hengescht, mat jeeweils engem Blesséierten.
© Police

Kuerz virun Hallefnuecht e Mëttwoch den Owend koum et zu enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer zu Rolleng, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. Op der Plaz waren d’Ambulanciere vun Esch-Uelzecht an d’Pompjeeë vu Péiteng. Wéi d’Police matgedeelt huet, huet den Automobilist d’Kontroll iwwer säi Gefier verluer, wéi hien ze séier duerch d’Route de Luxembourg gefuer ass. Dobäi huet hien zwee aner Gefierer gesträift, ier e mat nach zwee weideren Autoe kollidéiert ass. Duerch d’Kollisioun huet de Won sech iwwerschloen an ass um Daach leie bliwwen. Den Alkoholtest war positiv.

Zu Hengescht an der Haaptstrooss hat et dann en Donneschdeg de Moie kuerz viru 7 Auer tëscht zwee Autoe geknuppt. Och hei gouf et ee Blesséierten, nodeems d’Rettungsdéngschter vu Clierf gekuckt hunn.

Back to Top
CIM LOGO