
Wéi et am Police-Bulletin heescht, wier eng Patrull vun der Police e Freideg den Owend géint 21 Auer zu Dikrech an enger Einban virun engem Zebrasträife stoe bliwwen, fir e Foussgänger iwwert d’Strooss ze loossen. Op der Spuer niewendrun huet een Automobilist dëst net matkritt an ass net stoe bliwwen. De Foussgänger, dee grad iwwert d’Strooss gaangen ass, konnt esou just nach eng Kollisioun verhënneren. D’Patrull ass dem Auto nogefuer an huet dëse gestoppt. Bei enger Kontroll huet sech erausgestallt, datt de Chauffer alkoholiséiert war. De Führerschäin ass fort.
Da gouf an der Nuecht op e Samschdeg nach géint 3.30 Auer op der A1 en alkoholiséierte Chauffer gestoppt. Hie war am Zickzack ënnerwee. D’Kontroll huet erginn, datt géint de Chauffer e Fuerverbuet virläit. Den Auto gouf confisquéiert an de Chauffer protokolléiert.
E Freideg den Owend war géint 18.30 Auer en Abriecher zu Wecker Gare ënnerwee. Den Abriecher gouf vun de Bewunner iwwerrascht an ass geflücht. D’Police huet mat e puer Patrullen an der Hondsstaffel nom Abriecher gesicht. Um Enn gouf d’Sichaktioun awer ouni Erfolleg gestoppt.