
Wéi d’Police schreift huet de blesséierten Automobilist misste vun de Pompjeeën aus dem Auto befreit ginn a koum dono an d’Spidol. Well den Alkoholtest positiv ausgefall war, huet de Chauffer missten de Permis ofginn. Nieft dem Samu aus der Stad waren och d’Ambulanciere vum SaDiff an d’Pompjeeë vu Monnerech-Reckeng am Asaz.
Géint 17.30 Auer en Donneschdeg goufen d’Ekippe vum CGDIS wéinst dräi Blesséierten tëscht der Aire de Wasserbilig a Waasserbëlleg geruff ginn. Um CR141B waren zwee Motocyclisten an zwee Automobilisten en Donneschdeg net mat hirer Gefierer laanschtenee komm. Beim Accident goufen dräi Persoune blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vun Iechternach a Gréiwemaacher-Mäertert versuergt.
E weidere Blesséierte gouf et kuerz viru 17 Auer bei enger Kollisioun tëscht zwee Ween um Ban de Gasperich an der Rue Albert Einstein. D’Rettungsdéngschter aus der Stad waren op der Plaz.
Géint 1 Auer an der Nuecht op e Freideg hat et dann eng weider Kéier tëscht engem Auto an engem Moto geknuppt, dat an der Avenue Marie-Thérèse an der Stad. D’Rettungsdéngschter aus der Stad hu sech ëm déi blesséiert Persoun gekëmmert. Och hei war den Alkoholtest vum Chauffer positiv ausgefall an de Fürerschäi gouf agezunn, wéi d’Police mellt.