
Nodeems hien e puer Mol iwwert den Trottoir gefuer ass, ass hie géint eng Luucht gerannt. Den Alkoholtest ass positiv ausgefall. De Mann war de Fürerschäin nach op der Plaz lass a krut e provisorescht Fuerverbuet. Hie gouf net blesséiert.
Zu Steesel an um Waldhaff goufe weidere Chauffere vun der Police ugehalen, déi sech alkoholiséiert hannert d'Steier gesat haten. Och hei goufen 2 Permisen agezunn.