Offiziell confirméiertAll d'Schoule bleiwe bis de 4. Mee zou

RTL Lëtzebuerg
Den Educatiounsminister Claude Meisch huet och fir en Donneschdeg um 14 Auer eng Pressekonferenz aberuff.

Wéi RTL schonn um Mëttwoch gemellt huet, ass decidéiert, datt d'Schoulen net bis den 20. Abrëll zoubleiwen, mä op d'mannst bis de 4. Mee.

Dat gëllt deemno souwuel fir d’Grondschoul, wéi och fir de Secondaire, a fir all d‘Accueils-Strukturen am Land.

An den nächste Woche géif all Effort weiderlafen, fir dass d’Schüler weiderhi vun doheem aus kéinten hir Matière léieren.

Detailer ginn et, wéi gesot, vum Claude Meisch, um Donneschdeg.

Op Facebook an op anere soziale Medien zirkuléiert iwwerdeems e Screenshot vun engem Artikel, deen NET vun RTL.lu verëffentlecht gouf. Op dësem heescht et, datt d'Schoulen dëst Joer net méi géingen opgoen.

Hei ass d'Schreiwes

Face à l’évolution de la situation liée au coronavirus Covid-19 au Luxembourg et suite à une réévaluation par les autorités sanitaires, le gouvernement a décidé de prolonger la période de suspension des activités dans le secteur scolaire et éducatif.

La reprise des activités, préalablement prévue pour le 20 avril 2020, est reportée au lundi 4 mai 2020. Cette décision concerne tous les établissements scolaires et de formation publics et privés ainsi que les structures d'accueil.

Dans les semaines à venir, tous les efforts continueront d’être mobilisés pour permettre aux élèves de continuer leurs apprentissages et de poursuivre leur parcours scolaire. Des détails seront communiqués par le ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, Claude Meisch, lors de la conférence de presse.

Cedies betount, dass d'Demande fir d'Boursse sollen ageschéckt ginn, och wann d'Unien zou sinn

D’Unien uechter Europa, ma och op ville Plazen op der ganzer Welt sinn den Ament wéinst dem Coronavirus zou. Ma d’Studente sollen awer hir Demande fir eng Studiebourse fir dëst Summersemester eraschécken, seet de Service des Aides financières. Och wann den Dossier net komplett wier, soll een net ofwaarden, et géing bei all Demande nämlech individuell gekuckt ginn, fir déi néideg Piècen nach nozereechen.

Den Delai ass den Ament nach den 30. Abrëll, eng Verlängerung wier bis elo net virgesinn. Fir e séieren Traitement, gëtt geroden, d’Demande iwwer MyGuichet oder per E-Mail ze schécken, vu dass d’Mataarbechter vum Cedies den Ament jo och am Télétravail sinn.

Fir de Recht geet d’Aarbecht beim Cedies awer bis op Weideres normal weider. Méi Informatiounen zu der aktueller Situatioun am Bildungssecteur gëtt en Donneschdeg de Mëtten um 2 Auer den Educatiounsminister Claude Meisch. Wéi gewinnt, kënnt Dir dëse Point Presse op all eise Kanäl live suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO