Ma si sinn net déi eenzeg, déi den Ament all Dag op d’Aarbecht ginn, fir eng gewëssen Normalitéit an dësen anormalen Zäiten ze garantéieren. Si schaffe méi am Hannergrond a sinn och d’Helde vun dëser Kris.
Mir hunn der e puer vun hinne besicht. Vum Buschauffer iwwert Mataarbechter beim Service Hygiène oder och dem Personal am Supermarché, si all maachen den Ament hiert Bescht a sinn all Dag fir ons weiderhin am Asaz.
Een Asaz, deen dofir endlech déi Unerkennung kritt, déi en och verdéngt.
