Hei den Iwwerbléck iwwert dat, wouriwwer et um Walsonndeg opzepasse gëllt.
D’Walbüroe maachen um 8 Auer moies op. A wéi e Büro dir musst goen, steet op ärer Convocatioun. Et dierf een dann och just an dee Büro wiele goen, deen um Bréif steet! Denkt un är Carte d’identité oder un de Pass. A fir et de Benevollen op der Plaz méi einfach ze maachen, kënnt dir och är Convocatioun mathuelen.
Um Walziedel steet, wéi vill Stëmmen dir kënnt verginn. Dat hänkt vum Walbezierk of. Am Ganze gi 60 Kandidate gewielt, esou vill wéi et och Sëtz an der Chamber gëtt. Huele mer d’Beispill vum Bezierk Osten, wou maximal 7 Kräizer méiglech sinn. Wann uewen eng ganz Lëscht geschwäerzt gëtt, kritt jidderee vun de Kandidaten eng Stëmm. E weidert Kräiz hannert engem Numm ass dann net méiglech. Et sief dann, d’Lëscht, déi ee geschwäerzt huet, hätt manner ewéi 7 Nimm.
Déi zweet Optioun ass, d’Stëmmen hannert den Nimm vun enger Lëscht ze verdeelen. A wann ee Kandidate vu verschidde Parteie wiele wëll, kann een déi 7 Kräizer och op ënnerschiddleche Lëschte verdeelen.
Et kann een och manner Stëmmen, wéi een a sengem Walbezierk zegutt huet, ofginn. Op kee Fall awer méi, soss ass de Walziedel net méi gülteg.
Bei dëse Chamberwale kënnen iwwregens bal 30.000 Leit méi hir Stëmm ofginn, wéi bei de Walen 2018. Bis 14 Auer am Nomëtte sinn d’Walbüroen op.
Fir d’Bréifwal hu sech knapp 69.000 Leit ugemellt. Déi Leit dierfen dann och net an de Walbüro wiele goen!

LINK: De ganzen Dossier vun den Nationalwalen
Link: Fannt hei den RTL-Walsite fir d’Chamberwalen.