An och waren nees vill Leit op de Kierfechter ënnerwee. Den Äerzbëschof a Kardinol Jean-Claude Hollerich war fir d’Zeremonie op den Nikloskierfecht komm.
Den Nikloskierfecht um Lampertsbierg ass ee vun am Ganze 14 Kierfechter um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg. Mat 5 Hektar ass et dee Gréissten an der Haaptstad.
E Mëttwoch op Allerséilen hunn d’Griewer nees extra schéi geblénkt. Dobäi kommen Arrangementer a Blummen, déi typesch si fir déi zwee Festdeeg: Allerhellegen an Allerséilen.
D’Leit, d’Famillje gi sech Rendez-vous um Kierfecht, fir op dës Manéier hire léiwe Verstuerwenen ze gedenken.

De Kardinol Jean-Claude Hollerich hat den Dag vun e Mëttwoch ënnert d’Thema “Léift” an “Erënnerung” gestallt. D’Léift, déi ee kritt an déi, déi een un déi nächst Generatioun weidergëtt.
Wärend iwwer Land déi meescht Griewer op Allerhellege geseent ginn, geschitt dëst an der Haaptstad virun allem um 2. November. Och am Pafendall um Kierfecht hate sech Leit versammelt. Hei war d’Zeremonie um 14 Auer virgesinn. Um Nikloskierfecht war et eng Stonn méi spéit.
D’ganzt Joer iwwer kann een de Verstuerwenen op déi eng oder aner Manéier gedenken. Den 1. an 2. November bleiwen trotz allem speziell Momenter, wou d’Famillje sech virun de Griewer versammelen.
A grad ewéi en Dënschdeg huet dat gutt Hierschtwieder och e Mëttwoch nees ganz vill Leit op d’Kierfechter gelackelt.
