Invité vun der Redaktioun (29. Juli) - Max PeschNei Majoritéit zu Bech wëll elo mol virop d'Mobilitéit op de Leescht huelen

Marc Hoscheid
E Mëttwoch de Moie war d'Gemeng Bech Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Max Pesch
*Wéinst technesche Problemer ass den Invité déi éischt dräi Minutten nëmme ganz lues ze héieren. Mir schaffen un enger technescher Léisung.

Zanter Ufank des Joers ass de Max Pesch Buergermeeschter vun der Gemeng Bech. Dat nodeems seng Virgängerin Jil Goeres duerch de Refus vum Budget gestierzt gi war. Als Invité vun der Redaktioun huet hien ënnerstrach, datt een dru schaffe géing, nees Rou an d'Gemeng ze kréien. Eng vun de Prioritéite fir d'Zukunft ass d'Mobilitéit an och de soziale Wunnraum war een Thema.

Nodeems déi viregt Majoritéit gestierzt gi war, haten d'Buergermeeschtesch Jil Goeres an d'Schäffin Nathalie Wohlfart demissionéiert, déi fräi Plaze goufe mëttlerweil duerch Komplementarwalen nei besat. Nach virun deene Wale war zousätzlech de Conseiller Emile Bohnenberger zeréckgetrueden. Ob déi Plaz och nach nei besat gëtt, wäert de Gemengerot a senger nächster Sëtzung am September decidéieren. Dofir géing schwätzen, datt een esou engem engagéierte Bierger d'Chance géing ginn, sech mat anzebréngen. Dogéint schwätzen nieft dem organisatoreschen a finanziellen Opwand, datt bei de leschte Komplementarwale grad emol 50 Prozent vun de Bierger ofgestëmmt hunn.

Wann nees Rou am Gemengerot ass, wéilt ee virop den Dossier Mobilitéit upaken. Déi 10 Dierfer vun der Gemeng hätte ganz ënnerschiddlech Besoinen. Deels soll et zu Verkéiersberouegungen, deels zu Verkéiersentschleunegunge kommen an och den Uschloss un den ëffentleche Busreseau an d'Parkplaze wieren deels ee Sujet. An da gëtt et nach ee weidere Punkt, esou de Buergermeeschter Max Pesch.

"Eppes, wat mer alleguerte gemeinsam hunn, an dat läit mir besonnesch um Häerz, dat ass de séchere Schoulwee. Mir hunn zu Bech eng bëssi méi speziell Saach, well eis Schoul ass zu Berbuerg an der Gemeng Manternach, do si mer an engem Schoulsyndicat. Dat heescht de séchere Schoulwee fir eis Kanner ass de Wee vun der Hausdier bis bei de Busarrêt an do hapert et op ville Plazen an dat wäerte mer lo schonn dësen Hierscht ugoen."

Et kann een alt emol den Androck hunn, datt et a méi klenge ländleche Gemenge nach méi schwéier wéi souwisou schonn ass, soziale Wunnraum ze schafen, well et bei de Bierger un Akzeptanz feelt. Zu Altréier, och nach "Op der Schanz" genannt, hat et och Opreegung ëm ee Projet direkt nieft der Kierch ginn.

"Ech hunn dat och nëmme vun Hörensagen héieren. Dat, wat ech awer lo rausfonnt hunn, ass, datt do och ganz vill Mëssverständnesser waren. Ech mengen, do huet op béide Säiten och bëssi un der Kommunikatioun gehapert an do sinn du ganz schnell Gerüchter entstanen, dunn ass déi ganz Situatioun bëssi héichgekacht. Ech mengen, do si vill Leit, déi deemools eppes gesot hunn, déi dat haut och e bëssi bereien. An ech hunn d'Gefill, datt wann dee Projet am September oder Oktober opgeet, datt da vill Leit och hire Fridden domadder fonnt hunn."

Op eng méiglech Fusioun mat den Nopere vu Manternach ugeschwat, sot de Max Pesch, dat wier aktuell keen Thema.

E Mëttwoch de Moie war d'Gemeng Bech Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

*No engem technesche Problem gouf den Toun an der Post-Produktioun ugepasst.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO