Eis Baueren, no bei eisAls jonke Bauer d'Welt entdecken

RTL Lëtzebuerg
Ween e Bauerebetrib iwwerhuele wëll a gär spezifesch Ënnerstëtzungen hätt, muss op d'mannst 6 Méint Stage am Ausland op engem Haff gemaach hunn.

Vill jonk Baueren notzen dës Geleeënheet fir d'Welt ze entdecken. Awer och Lëtzebuerg ass eng attraktiv Destinatioun fir auslännesch Landwierten.

D'Emily Wittmer ass op engem Haff am US amerikanesche Bundesstaat Pennsylvania opgewuess. Viru knapp zwou Woche koum dat 22 Joer jonkt Bauere Meedchen hei zu Lëtzebuerg un. Ass zanter hir um Haff vun der Famill Diederich, hëlleft am Stall, an der Kichen an entdeckt mat der Famill eist Land. Dat méi hiwweleg wär a méi Bëscher hätt, wéi doheem. Analyséiert d'Emily.

"D'Ställ wou d'Kéi sech kënne fräi bewegen an iessen, sinn zimlech ähnlech. D'Melkstänn wou d'Kéi gestrach gi, sinn anescht. Mee quasi all d'Melkstänn si verschidden... Awer ech weess, wéi ee Kéi sträicht  an et huet sech gutt ugefillt heihinner ze kommen an eppes ze maache, wat ech scho kann."

IFE - International farming exchange heescht de Programm iwwer deen d'Emily hei ass a mat deem zanter méi wéi 50 Joer och scho jonk Lëtzebuerger Bauere d'Welt entdecken. Allerdéngs éischter als Gaascht, dee mol eng Hand mat upeekt, wéi als Aarbechtskraaft. Quite, datt d'Emily sech och freet fir d'Lëtzebuerger Häff ze entdecken.

"Ech si bis September zu Lëtzebuerg a wäert bei 4 verschiddene Gaascht Famillen um Haff oder um Land wunnen. Ech wäert do um Haff hëllefen. a bleiwen all Kéier 3 Wochen."

De Fränz Schlechter fir säin Deel war 8 Méint laang als Aarbechter am Süde vun Neiséiland. Dëst am Kader vu sengem Stage fir d'Betribs Iwwernahm.

Esou huet de Fränz 11 Deeg um Stéck geschafft, an entdeckt wéi verschidden d'neiséilännesch Landwirtschaft vun der Lëtzebuerger ass. D'Kéi sinn d'ganzt Joer iwwer op der Weed, kaalwen awer just saisonal.

Op senge fräien Deeg huet hie mat aneren auslännesche Stagiairen aus Skandinavien, Kanada, den USA de Süde vun Neiséiland entdeckt an Frëndschaften geschloss.

Eis Baueren, no bei eis: Als jonke Bauer d'Welt entecken

Back to Top
CIM LOGO