
Virop wiere vill Amelioratiounen ze constatéieren, heescht et vum Ombudsman. Dat par Rapport zu der Situatioun am Joer 2013, wou eng éischt Kontrollmissioun gemaach gi war.
Am Fokus stoung virun allem de Respekt vun de Mënscherechter. Do konnte keng flagrant Violatioune festgestallt ginn, sou d‘Claudia Monti. E puer Onkloerheete gëtt et awer ënner anerem bei der Fro, wéi et iwwerhaapt zu engem Placement kënnt.
Verschidden Appreciatioune vun der der Direction de l‘immigratioun wieren do schwéier objektiv ze iwwerpréiwen, sou d’Claudia Monti.
Do konnte mer keng Violatioune feststellen, mä et ass net ëmmer kloer, op Basis vu wat fir enge Krittären d’Leit an de Centre de rétention gesat ginn. Mir wënschen eis do kloer Richtlinnen.
D‘Mediateur erënnert drun, datt e Placement am Centre de rétention just da soll gemaach ginn, wann och reell Chancë bestinn, datt déi concernéiert Persoun och eloignéiert ka ginn. Wichteg wier et och, datt Mineuren net méi an de Centre de Rétention kommen.
An der Vergaangenheet hat den Ombudsman kritiséiert, datt Agenten aus dem Retentiouns-Zenter Medikamenter un d‘Retenue verdeelt hunn.
Et sollt ëmmer e minimalen Zerwiss vu medezineschem Personal ëmmer do wier fir dat auszedeelen, deem ass och Rechnung gedroe ginn. Wa mir vu Secret médical schwätzen, da kann et net sinn, datt de Gardien - och wann dat e léiwe Mënsch ass - weess, wat de Retenu fir Krankheteen oder psychosomatesch Problemer huet.
Da fënnt den externe Kontroller och, datt Zwangs-Mëttel bei den Transporter just ze rechtfäerdege sinn, wann et am Interêt vum Retenu a vun den Agenten ass.
Dacks gi Leit entlooss, déi awer soss keng Plaz hu wou se hi kënnen. Och problematesch wier d‘Situatioun bei Persounen déi net ausgewise konnte ginn an déi awer eng interdiction de territoire hunn. Do misst no Léisunge gesicht ginn, sou den Ombudsman.
Fir d‘Situatioun ze evaluéiere goufen ënner anerem Entretiene gemaach, et goufen och Echangë mat der Direction de l‘immigration a mat der Police.
No enger urgenter Prise en charge an engem Spidol kommen d‘Leit – wann et néideg ass – an de Centre hospitalier neuro-psychiatrique op Ettelbréck. Ma do géinge se heiansdo ze laang bleiwen, bedauert d’Claudia Monti.
Zu Ettelbréck si Plaze méi laang besat wéi néideg, well de Centre keng Méiglechkeet huet, déi Leit, déi nach e Suivi bräichten, ze entloossen. Entweder well et net genuch Offeren u “betreitem Wunne” gëtt, oder well den ambulante Suivi vun deene Leit net assuréiert ass.
Fir Leit, bei deenen et keng Entwécklungschancë gëtt, sollte spezialiséiert Strukture geschafe ginn, sou d’Claudia Monti.
Da géifen och ëmmer méi Leit aus dem Prisong op Ettelbréck transferéiert ginn, well den néidege Suivi am Prisong net kéint gemaach ginn. Et soll awer geschwënn eng psychiatresch Unitéit gebaut ginn, begréisst d‘Claudia Monti.
An de Spideeler wier de Problem deen, datt heiansdo d‘Fräiheete vun de Leit limitéiert wieren. Si kéinten zum Beispill net virun d‘Dier goen.
Allgemeng proposéiert den Ombudsman e System mat Palieren.
Déi regional Spideeler sinn do fir eng éischt Prise en charge à court terme. Dono sollen d’Leit sou séier wéi méiglech an de Centre hospitalier neuro-psychiatrique op Ettelbréck kommen, deen eng Rehabilitatioun a Stabilisatioun à moyen et à long terme mécht. Da muss un de Strukture geschafft ginn, déi d’Leit bausst dem Spidol rëm opfänkt, mat engem souple System, wou awer déi néideg Soinen ugebuede ginn. Infrastrukturen, déi nach opstinn, sollten onbedéngt gebaut ginn, wéi d’unité psychiatrique vum Prisong. Et sollt och gekuckt ginn, datt nëmmen déi Persounen op Ettelbréck kommen, déi eng Chance op Rehabilitatioun hunn.
Och d’Kommunikatioun tëscht de Spideeler an dem Centre zu Ettelbréck sollt nach verbessert ginn, fënnt d’Claudia Monti. Allgemeng missten d‘Offeren an d’Kapazitéite vum Extrahospitalier onbedéngt eropgesat ginn.