Gestioun vun Offall a RessourcenËmweltministère presentéiert neie Plang, déi Gréng gesinn net vill Neies

Fanny Kinsch
Am neien Offall- a Ressourcëgestiounsplang si bis 2030 86 Ziler an 328 eenzel Mesurë festgeluecht ginn. Déi gréng weise sech wéineg iwwerzeegt.
D'Presentatioun vum Offall- a Ressourcëgestiounsplang
D'Presentatioun vum Offall- a Ressourcëgestiounsplang
© Fanny Kinsch

Wéi gi mer mat eise Ressourcen ëm, wéi evitéiere mer Offall a wéi stäerke mer d’Kreeslafwirtschaft? Dat wieren d’Schwéierpunkte vum neien Offall- a Ressourcegestiounsplang, esou den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes bei der Presentatioun e Freideg de Moien. An deem Plang wiere 86 Ziler bis 2030 an 328 eenzel Mesurë festgeluecht ginn.

Neien Offall- a Ressourcëgestiounsplang

Aktuell ginn zu Lëtzebuerg 9 Milliounen Tonnen Offall am Joer produzéiert, virun allem duerch d'Ausgruewe beim Bau. An Zukunft soll dofir manner ausgegruewe ginn, esou den Ëmweltminister Serge Wilmes.

"Mir brauchen natierlech hei zu Lëtzebuerg jo och e Logement, dat ass jo gewosst, mee mir hunn natierlech och déi Fläch, déi mer hunn, déi mir méi rationell, méi gescheit nach mussen notzen. Eng gewëssen Densifikatioun, déi jo och méiglech ass, wou een net muss esou vill Buedem groussflächeg verbrauchen, mee méi geziilt."

Méi wéi 70 Prozent vun deem, wat zu Lëtzebuerg am Reschtoffall lant, gehéiert net dohin. Bei de Verpackunge musse besonnesch beim Plastik a bei de Béchsen nach méi Efforte gemaach ginn. E Pfand-System wier aktuell nach keen Thema, ma wann een d’Recycling-Ziler net erreecht, kéint dat awer nach kommen, esou de Minister. Et hätt een iwwerdeems keng kloer Donnéeën, wéi vill Verpackungen an der Industrie recycléiert ginn, esou de Paul Rasqué, Direkter fir d’Ressourcen an d’Verschmotzung am Ëmweltministère.

"Wéi vill gëtt vun deenen Emballagen hei zu Lëtzebuerg op de Marché gesat? A wéi gëtt deen Offall traitéiert? Gëtt e verbrannt? Wat ass den Taux de récyclage? Dat sinn déi Froestellungen, déi elo nach musse besser opgestallt ginn."

D'Valorlux wier domat beoptraagt ginn, dës Informatiounen ze sammelen. De Prinzip vum Pollueur-Payeur gëtt da méi breet applizéiert, notamment duerch eng EU-Direktiv och elo op d'Textilindustrie.

"D'Produzente mussen sech och elo drëm këmmeren, fir déi Collecte ze organiséieren, och d'Gestioun vun den Offäll en charge ze huelen, dat natierlech awer och mat deene sozialen Acteuren. Dat ass och ee Krittär, deen an där Direktiv steet, dass déi sollen och do hir Plaz fannen, souwéi mer et haut am Fong och scho gesi bei den aktuelle Collecten."

Vu Juli dëst Joer un dierfen och keng Textilien, déi net verkaaft goufen, méi zerstéiert ginn.

Reaktioun vun déi Gréng

Wéineg iwwerzeegt vun deem neien Offallplang weist ee sech bei der Oppositiounspartei déi gréng an enger éischter Reaktioun. Et géing u konkreten, innovativen Iddie feelen, bedauert d'Deputéiert a fréier Ëmweltministesch Joëlle Welfring.

"Villes, wat drasteet, si Saachen, déi och gesetzlech virgesi sinn, och aus Direktiven, och dat aus der Textilienoffall-Direktiv, ass einfach eng Ëmsetzung vun deem, wat am europäeschen Text steet. Dat heescht, et ass elo keng nei Saach. Et ass e bëssen eng verpasste Geleeënheet, fir hei zu Lëtzebuerg och aus innovativen Approchen och do Entreprisen a Startuppen eng Chance ze ginn, fir hei Saachen ze entwéckelen an domadder och e bëssen eng Virreiderroll ze iwwerhuelen an Europa."

Déi gréng hunn och ugefrot, den Offall- a Ressourcëgestiounsplang an der Chamberkommissioun virgestallt ze kréien.

Back to Top
CIM LOGO