
Do steet bei der Unzuel vun de Venten am Joresverglach e Minus vu ronn 60 Prozent. Och d’Präisser weisen no ënnen. Existent Haiser zum Beispill ware ronn 18 Prozent manner deier wéi am drëtten Trimester zejoert.
An déi aner Richtung goung et bei de Loyeren. Allerdéngs hunn d’Loyere sech zënter dem zweeten Trimester dëst Joer stabiliséiert. Op 12 Méint gekuckt ass awer e Plus vu ronn 4 Prozent ze notéieren.