Kannerklinik vum CHLAm Januar kommen 8 Better bäi, aktuell vill Fäll vu Bronchiolitte
Domat wëll ee sech op d'Hausse vun de Corona-Infektioune preparéieren. Wéi den 100,7 mellt, wieren déi aktuell 35 Better scho bal déi ganzen Zäit beluecht.
Verëffentlecht: 30.12.21 06:38, Update: 30.12.21 12:12
Dat well den Ament vill Puppelcher wéinst Bronchiolitte misste behandelt ginn. Et géing ee sech Suerge maachen, datt wéinst der Omikron-Variant och méi Kanner mat Covid hospitaliséiert misste ginn.