StatecAm Juni ass den Inflatiounstaux op 1 Joer gekuckt vun 2,1 op 1,8% erofgaangen

RTL Lëtzebuerg
Déi Baisse koum haaptsächlech dohier, dass d'Pëtrolspräisser gefall sinn. Déi si 4,5% méi bëlleg ginn.

Am Detail ass den Diesel 5% méi bëlleg ginn, de Bensin 4,3% an de Mazout souguer 9,6% wéi de Mount virdrun.

Ouni déi Baisse vun de Pëtrolspräisser hätt et eng Hausse vun der Inflatioun ginn ëm 0,19%.

PDF: Communiqué vun der Statec

Back to Top
CIM LOGO