Penurie beim LéierpersonalAm Laf vun dësem Joer gi 50 Grondschoul-Enseignanten an d'Pensioun

Roy Grotz
Déi nächst Deeg lancéiert den Educatiounsministère nees en Appell, fir sougenannte Quereinsteiger fir de Fondamental anzestellen.
© AFP-Archiv

Et gëtt aktuell eng Penurie u Léierpersonal an entspriechend ginn och an Zukunft vill Enseignanten gebraucht. Fir d'nächst Schouljoer dierften dat net manner wéi 300 Leit sinn, déi nei musse fir Vollzäitposte fir d'Grondschoule rekrutéiert ginn. Eleng am Laf vun dësem Joer gi 50 Grondschoul-Enseignanten an d'Pensioun.

Déi nächst Deeg lancéiert den Educatiounsministère iwwerdeem och nees en Appell, fir sougenannte Quereinsteiger fir de Fondamental anzestellen, also Leit, déi e Bachelor hunn, deen a Relatioun vun den Objektiver an der Grondschoul steet.

Wéi vill där Quereinsteiger awer effektiv gebraucht ginn, fir all Posten ze besetzen, kann aktuell nach net chiffréiert ginn. Zejoert waren dat ëmmerhin iwwer 200 Leit, iwwerdeem 113 brevetéiert Enseignanten agestallt goufen.

An de Lycéeë schaffen aktuell iwwerdeem knapp 5.200 Enseignanten. D'nächst Schouljoren dierften an der Moyenne ëm 450 nei Enseignante rekrutéiert ginn, fir Schoul am Secondaire ze halen.

Well aktuell déi meescht Iwwerstonnen an de Fächer fir manuell Ausbildungen geleescht ginn, gi fir dës handwierklech Formatiounen wéi Fleurist, Gäertner, Plätterchersleeër, an der Mecanique oder an der Restaurant-Formatioun déi meescht Enseignanten gesicht.

All dës Donnéeë liwwert den Educatiounsminister op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun der CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen.

Back to Top
CIM LOGO