Orpea a Frankräich an der KritikAm Mäerz mécht de Konzern zu Lëtzebuerg en Altersheem op

Diana Hoffmann
A villen Alters- a Fleegeheemer, déi Orpea exploitéiert, wier et zu Mësshandlunge vu Bewunner komm.

Dat huet de franséischen Auteur Victor Castanet a sengem Buch “Les Fossoyeurs”, also Doudegriewer opgedeckt. Dowéinst steet de franséische Konzern Orpea zanter leschter Woch a Frankräich ferm an der Kritik. Och zu Lëtzebuerg wäert Orpea am Mäerz dëst Joer eng Struktur zu Märel opmaachen an huet dofir virun 2 Wochen en Agreement beim Familljeministère ugefrot. Doriwwer eraus gëtt et nach weider Pläng, fir eng Residence zu Stroossen opzemaachen.

E Méindeg de Moie goufen d’Deputéiert op Nofro vum CSV-Deputéierte Marc Spautz an enger Chamberkommissioun doriwwer ënnerriicht, dat Zoustänn wéi a Frankräich an engem Alters- a Fleegeheem hei am Land awer net denkbar wieren. “Mir hu méi eng streng Gesetzeslag zu Lëtzebuerg”, seet d’Familljeministesch Corinne Cahen. An et wier souguer nach méi e strengt Gesetz ënnerwee, wat den Ament beim Staatsrot géing leien. Wann Orpea en Agreement kritt, muss de Konzern sech u streng Oploen halen, sou d’Ministesch. Do mussen dann zum Beispill bestëmmte Konditiounen um Niveau vun der Honorabilitéit oder der Qualifikatioun vum Chargé erfëllt sinn an et muss och genuch Personal virgesi sinn.

Bis elo läit just en Accord de Principe aus dem Joer 2020 vun Orpea vir. “Do goufen deen Ament just d’Pläng gekuckt, ob d’Zëmmere grouss genuch sinn”, erkläert d’Corinne Cahen.

Orpea kéint awer elo net einfach den Agreement verweigert kréie wéinst den Affären a Frankräich, ënnersträicht och de Marc Spautz. Senger Meenung no wier et esouguer besser, de Konzern kritt dësen, well de Staat da besser kontrolléiere kann. Falls Opréa keen Agreement géing kréien, da kéinten nämlech trotzdeem Wunnenge fir eeler Leit ugebueden ginn, mä ouni déi selwecht streng Kontroll vu baussen. D’Entscheedung wäert awer um Enn dovunner ofhänken, ob Opréa d’Konditiounen erfëlle kann oder net.

D’Motivatioun, fir Orpea en Agreement vum Familljeministère ze kréien, dierft finanzieller Natur sinn. Alters- a Fleegeheemer finanzéiere sech nämlech virun allem iwwer 2 Weeër. De Pensiounspräis an d’Fleegeversécherung, déi e groussen Deel vum Budget vun den Haiser géing ausmaachen, ënnersträicht d’Ministesch.

E Méindeg de Moien ass dann och d’Nouvelle komm, datt de Generaldirekter vum Orpea-Grupp, den Yves Le Masne, entlooss ginn ass.

Back to Top
CIM LOGO