Virun engem Joer hat de Robert Frank sech ferm beklot, iwwer déi Tonne Wëllschwäin op senge Juegdlousen. Ronn 100 Stéck hätt een, mat Hëllef vun hiren Hënn, aus de Bréimen erausgedriwwen an du geschoss. Ouni Dreifjuegd wier et net méiglech, och nëmmen e klengt Stéck Kontroll ze behalen, sou de Juegdhär. 11 Méint no hirem Appell hätt sech ëmmer nach näischt gedoen, beschwéieren d’Jeeër sech am Oste vum Land.
Op Haff Réimech selwer schéissen – schwiereg, a wéinst der Sécherheet u sech net dran, confirméiert aner Säit, déi awer och den Dialog a Kompromësser sicht. Och wann de Juegd-Veto am Rëmerscher Naturschutzgebitt och eng politesch Decisioun war an ass – et hätt een dëst Joer no Léisunge gesicht.
D’Marianne Jacobs, an der Naturverwaltung responsabel fir d’Juegd, erkläert eis, dass am Naturschutzgebitt Haff Réimech vill rar Villercher géinge liewen. De Schilf klappe géif also der Schutzzonen an hiren Awunner méi schueden, wéi dass en d’Wëllschwäi gestéiert an erausgedriwwe kréich.
E Wëllschwäin ass also guer net esou blöd a léist sech net esou liicht veräppelen. Wat also maachen, fir si op der Musel a Kontroll ze kréien? Si hätte vill geschoss, de Wëldschued limitéiert kritt, a géingen elo am Dezember eng zweet Klappjuegd organiséieren, sou de Robert Frank, deen hei scho 50 Joer op d’Juegd geet.
D’Naturverwaltung war sech an d’Ausland schlau maachen a gesäit sech confirméiert. De Schutz vun Natur a Biodiversitéit bréicht d’Aféierung vun enger Mesure, déi zwar net onëmstridden, mee dacks eng gutt Optioun wier: Falen als eenzeg Solutioun, wann et ëm eng Naturschutzmesure géing. Keng därer, déi een am Video gesäit – déi géifen an Europa net genotzt, präziséiert d’Marianne Jacobs.
Vun esou Fale soe sech also weder d’Naturverwaltung nach d’Jeeër begeeschtert – d’Marianne Jacobs präziséiert, wéi schonn den neien Direkter vun der Natur- a Forstverwaltung Michel Leytem, dass esou e System ewéi deen hei, mat Juegd näischt ze dinn hätt a fir deen Zweck och hei net an den Asaz kéim.