
Bis November louchen ewell 1.110 esou Demandë vir. Am Dezember dierfte wuel nach emol eng ronn 150 derbäi kommen, sou datt et méi Demandë wéi zejoert dierfte ginn, mä och bal 700 manner wéi nach 2019. Dat geet aus de rezente Statistike vun der Direction de l’Immigration ervir.
Am November hunn 110 Persoune gefrot, fir d’Asylrecht hei am Land ze kréien, déi meescht aus Syrien, dem Venezuela an Eritrea.
Iwwert d’ganzt Joer gekuckt koumen déi meescht Asyl-Demandeuren aus Syrien, Eritrea, Afghanistan an dem Irak. Och iwwert d’Joer gekuckt goufe ronn 1.330 Decisioune geholl, vun deenen d’Hallschent positiv war, also de Flüchtlingsstatut unerkannt gouf. 250 Leit kruten hir Demandë refuséiert. Eng 90 Leit goufe bis November an hir Heemecht zeréckgeschéckt: 16 Persoune forcéiert, eng 70 fräiwëlleg - déi meescht zeréck an de Montenegro an de Kosovo.