
D’Europäesch Kommissioun hat 2017 gesot, déi Lëtzebuerger Steierrulingen en faveur vun der grousser Plattform fir Onlineverkeef géifen eng illegal Bäihëllef vum Staat duerstellen. Dofir misst Amazon ronn 250 Milliounen Euro Steieren zu Lëtzebuerg nobezuelen. Déi Decisioun gouf elo och an zweeter Instanz vun den europäesche Geriichter gekippt. Dat, well d’Kommissioun kee richtege Referenzkader benotzt hätt, fir ze weisen, wéi vill Steieren hätte misse bezuelt ginn.
Déi lescht Woch hat d’Cour schonn am Fall vum franséischen Energiegrupp Engie gesot, d’Kommissioun hätt net nogewisen, datt Engie duerch de Lëtzebuerger Ruling en Avantage an domat eng Staatsbäihëllef kritt hätt.
Och Fiat Finance hat hir Affär am Steiersträit mat der EU-Kommissioun gewonnen.