EnergiespuerenAmbitioune vun de Gemenge sinn deels ganz ënnerschiddlech

Tim Morizet
Wéi kal gëtt de Wanter? Elo scho preparéiere sech d‘Politik an d‘Administratiounen an de Gemengen op e méigleche Gas- a Stroum-Manktem.
Energiespuere bei de Gemengen
D’Luucht ausmaachen, wann een de Raum verléisst – et sinn u sech Gewunnechten, déi ee schonn an den 80er gepriedegt huet.

15% un Aspuerunge gi vun der Lëtzebuerger Regierung op fräiwëlleger Basis gefuerdert. Fir deem no ze kommen, presentéieren all Woch nees nei Gemengen hir Spuermesuren. D’Ambitioune si ganz ënnerschiddlech...

Op enger Gemeng ginn elo souguer Nuets d’WLAN-Routeren ausgemaach. Op d’Joer gerechent, spuert een esou ëm déi 50 Euro.

Ewéi an de meeschte Gemengen, gëtt zu Rëmeleng dee meeschte Stroum mam Ausmaache vun de Stroosseluuchte gespuert. Mä et setzt een och op déi méi kleng Adaptatiounen.

De Rëmelenger Buergermeeschter Henri Haine: “Mir wëllen do och mat engem gudde Beispill par Rapport zu eise Bierger a Biergerinne virgoen. Dofir hu mer gekuckt, bei den Heizungen d‘Temperaturen ëm 1-2 Grad erofzesetzen. Dacks huet een och nach op ëffentlechen Toilette waarmt Waasser fir d’Fanger ze wäschen. Do hu mer eis elo zu Rëmeleng geduecht: dat muss net onbedéngt sinn. Dofir hu mer eng Rei Boileren, deels och vun 150 Liter, ewechgemaach.”

D‘Ambitioune si grouss. Vum Boiler bis eriwwer bei d’Beliichtung. Och an de méi ale Gemengegebaier vun der fréierer Minne-Stad sollen d’Luuchten an Zukunft mat Beweegungsmeldere funktionéieren.

Nach eemol dem Henri Haine: “Duerch all déi Diskussiounen, déi mer haten, fir och déi alldeeglech Gesten z’adaptéieren, plus déi zousätzlech Investitiounen, déi mer aktuell méi séier maachen, wéi mer ugangs wëlles haten, notamment alles bei de Stroosseluuchten op LED ëmzestellen, denken ech, datt mer de Stroum- a Gas-Verbrauch, par Rapport zum leschte Wanter, nach eng kéier ëm 25 Prozent drécke kënnen.”

Héich Ziler huet ee sech och am Préizerdaul gesat. Mat manner heizen, manner Stroossen- a Chrëschtbeliichtung dëse Wanter probéiert ee säin Energieverbrauch ëm 20% ze drécken. Do dobäi verdeelt een de sougenannten Energie-Kit. Si sinn eng vun 18 Gemengen am Land. 30 Stéit sollen an enger éischter Phas vun der Enovos-Initiativ profitéieren.

De Marc Gergem, Préizerdauler Buergermeeschter: “Mir sinn do ugeschriwwe ginn a sinn elo eng vun deene Gemengen, déi bei deem Projet matmaachen. Mir erwaarden eis do, datt d’Leit e bësse sensibiliséiert ginn, fir och doheem wa méiglech e bëssen Energie, Stroum, Hëtze- oder Waasserkäschten ze spueren. Do sinn ënner anerem 3 LED-Bieren dran, Isolatiounsmaterial fir Fënsteren an Dieren a Material fir Waasser ze spueren.”

D’Luucht ausmaachen, wann een de Raum verléisst – et sinn u sech Gewunnechten, déi ee schonn an den 80er gepriedegt huet. D’Zäite vun Energie-Verschwendung kéinten op en Enn kommen. Den Emile Eicher, President vum Syvicol, dem Gemenge-Syndicat: “Och wa sech d’Situatioun um Energiemaart nees e bësse berouegt, bleiwe mer nach ëmmer an enger Klimakris. Et mécht ëmmer Sënn, egal wéi, fir Energie anzespueren. An op dee Wee musse mir an eis Gemenge goen, wa mer eis Natur schütze wëllen.”

“Net direkt de Stecker zéien, ma Gewunnechten adaptéieren”, bléift de Motto op d‘mannst emol fir dëse Wanter.

Back to Top
CIM LOGO