
E Samschdeg de Moien, esou mellt de CGDIS, hätt eng Ambulanz mat gerénger Vitess wéinst dem Schnéi an dem Glatäis zu Beetebuerg d’Kontroll verluer an ass vun der Strooss ofkomm. Op de Biller ass ze gesinn, dass d’Gefier op d’Säit gekippt ass.
2 vun 3 Pompjeeë wieren nom Accident fir eng Kontroll an d’Spidol gefouert ginn.
Am Lokale gouf et an de leschte Stonnen nach e weideren Accident, dat tëscht zwee Gefierer op der Nordstrooss. Kuerz virun Hallefnuecht sinn tëscht dem Tunnel Stafelter an dem Tunnel Grouft zwee Autoen aneneegerannt. Eng Persoun gouf blesséiert.
An och tëscht Dippech an Holzem si géint hallwer 6 3 Autoe matenee kollidéiert. Och hei gouf et ee Verwonnten.