
Konkret geet et der AMMD ëm d'Ëmstrukturéierung vun der sougenannter "Commission de nomenclature", dem Gremium also, wou iwwert nei Leeschtunge fir de Patient entscheet gëtt. De President vun der AMMD Alain Schmit:
Dës Kommissioun huet säit 10, voir säit 30 Joer, net richteg funktionéiert. Et gëtt héich Zäit, datt mer d'Analyse maache vun deem Dysfonctionnement an zu de kloren Iwwerleeunge kommen, datt d'Kompositioun an d'Fonctionnement vun där Kommissioun musse geännert ginn.D'AMMD huet eng kloer Virstellung, wéi d'Konstellatioun soll ausgesinn.
Dat ass, datt mer op enger Säit wuel eng CNS hu mat Representante vun de Ministèren. Den Haaptpartner ass d'CNS an dëser Fro a si mussen hir Uleiesse kënne geltend maachen, dat kontestéiere mer net. Op där anerer Säit hu mer Representante vun der AMMD. An an der Mëtt muss en neutrale President hier, deen déi Diskussioun moderéiert.
De President haut géing net just kloer op enger Säit vum Dësch sëtzen, mä hätt och eng wichteg Funktioun an dofir wier d'Neutralitéit vun där Persoun immens wichteg. Zanter der Reform vun 2010 sëtzt e Representant vun der FHL op Säite vum Dësch vun der AMMD, dee si allerdéngs net passend fënnt. Dee géing net op den Terrain gehéieren, kéint als Observateur matwierken, mä kee Stëmmrecht hunn. D'Propositiounen huet d'AMMD dem Ministère de la sécurité sociale zoukomme gelooss. Elo géing de Ball beim Minister Romain Schneider leien.