Ettelbrécker MaternitéAn 2 bis 3 Woche kann ee viraussiichtlech nees opmaachen

RTL Lëtzebuerg
D'Konzept, fir d'Maternité zu Ettelbréck nees opzemaachen, baséiert op 3 Pilieren. Dat sot den Direkter vum CHdN Paul Wirtgen e Freideg am Moiesjournal.

Den Anästhesist-Reanimateur kann an Zukunft aktiv un der Reanimatioun vun engem Neigebuerenen Deel huelen. Den Anästhesist kritt dann och eng Tele-Expertise vum Neonatolog vum CHL an der Stad. Bis een dat en place hätt, géing et eng bis zwou Wochen daueren, esou de Paul Wirtgen. An de Service Samu Neonatal vum CHL kritt méi eng grouss Disponibilitéit.

Fir datt dës Mesurë kënnen ëmgesat ginn, hätt misse mat den zoustännege Ministèrë gekläert ginn, ob dat legal méiglech wier, well se am Gesetz net explizitt virgesi sinn. Et géing een elo dru schaffen, fir déi 3 Voleten esou séier wéi méiglech ëmzesetzen.

2 vu 4 Kannerdokteren, déi am Centre hospitalier du Nord geschafft hunn, hätte ganz kuerzfristeg opgehalen, dofir wier een an d’Situatioun komm, an där d’Maternité huet missen zougemaach ginn, sot de Paul Wirtgen.

Wann d’Maternité zu Ettelbréck 3 bis 4 Wochen zou ass, missten tëschent 60 a 70 Gebuerte verluecht ginn, esou nach den Direkter vum CHdN.

De kompletten Interview mam Dr. Paul Wirtgen

Ministere Lenert an Haagen deele mat: Accord fir eng Reouverture vun der Ettelbrécker Maternité fonnt

Back to Top
CIM LOGO