Kaffismaschinne beim StaatAn de Ministère gëtt generell op Kapsel-Systemer verzicht

RTL Lëtzebuerg
Et ass eng parlamentaresch Fro, wéi se wuel net all Dag um Dësch vum Staatsminister Bettel lant.

De Piraten-Deputéierte Sven Clement wollt vum Xavier Bettel wëssen, a wéi enge Ministèren a Verwaltunge wéi vill Kaffismaschinne stéingen.

Et waren dernieft detailléiert Froe wéi: Wéi en Typ Maschinn kënnt an den Asaz? Gi Kapsel-Systemer am Sënn vun der Nohaltegkeet progressiv ersat? Gi Bounen, Polver oder fäerdege Kaffi kaaft?

D'Äntwert vum Xavier Bettel fält net grad esou detailléiert aus.

Et géif nämlech kee geneeën Inventaire vun de Kaffis-Maschinne gemaach ginn. Et géif och keng schwaarz Lëscht gi vu Kaffismaschinnen, déi Leit vun doheem matbruecht hunn.

Allgemeng géing awer d'Approche vun der Nohaltegkeet promouvéiert ginn an an de Ministèrë géing generell op Kapsel-Systemer verzicht ginn.

Back to Top
CIM LOGO