Och kee generelle CovidCheckAn de Schoule soll et fir d’Rentrée am September keng allgemeng Maskeflicht ginn

RTL Lëtzebuerg
Dat sot den Educatiounsminister Claude Meisch RTL-Informatiounen no a Reunioune mat de Gewerkschaften.
© AFP (Archiv)

De Minister wëll keng generell Testflicht wéi et se zum Beispill am Saarland gëtt. Sozial méi schwaach Kanner géife soss riskéieren, am Nodeel ze sinn.

Lüftungsgeräter soll et wéi schonn d’lescht Schouljoer net ginn an de Klassesäll. D’Lëfte géif duergoen.

De CovidCheck kéint héchstens an den Zenarien 1 bis 4 gëllen, wann et also een oder méi Fäll an enger Klass ginn. Nach ass dat awer net decidéiert.

D’Gewerkschafte goufen informéiert.

Um Mëttwoch dierften déi definitiv Mesuren am Regierungsrot ugeholl an dann en Donneschdeg um 14 Auer presentéiert ginn.

Um Mëttwoch informéieren de Premier an d’Gesondheetsministesch schonn iwwer déi allgemeng Coronamesurë vum 15. September un. D'Pressekonferenz gëtt am Livestream op RTL.lu iwwerdroen.

RTL-News: Féduse: "Mir wollt méi Normalitéit mat méi Sécherheet zesummebréngen"

Back to Top
CIM LOGO