Féduse"Mir wollte méi Normalitéit mat méi Sécherheet zesummebréngen"

RTL Lëtzebuerg
Fir de Minister wier awer "haaptsächlech d'Normalitéit" méi wichteg gewiescht, mengt de President vun der Proffegewerkschaft Raoul Scholtes.

De Raoul Scholtes am RTL-Interview

En Dënschdeg war jo bekannt ginn, dass fir d'Rentrée am September keng allgemeng Maskeflicht an de Schoule soll gëllen. Dat hätt de Claude Meisch RTL-Informatiounen no a Reunioune mat de Gewerkschafte gesot. Den Educatiounsminister wéilt och keng generell Testflicht wéi et se zum Beispill am Saarland gëtt. Dat géing nämlech sozial méi schwaach Kanner benodeelegen. Och Lüftungsgeräter soll et keng ginn. Lëfte géing duergoen.

Datt an Zukunft an de Schoule keng allgemeng Maskeflicht méi gëlle soll, gesäit de President vun der Proffegewerkschaft vun der CGFP Raoul Scholtes wäit ewech vun ideal. Dobäi gëtt de Minister aktuell och just Méiglechkeeten eraus a kee fäerdege Projet, wéi zum Beispill beim Thema vum Testen. Hei soll jo just ee Mol an der Woch getest ginn a méi heefeg, wann de Virus an der Klass wier, virgeschriwwen ass dëst awer net. "Dëst wier awer just eng Wett op d'Weiderentwécklung vun der Pandemie," seet de Raoul Scholtes. "Da muss een hoffen, datt dat am Minister, ma virun allem an der Schoulcommunautéit hirem Interêt glécklech ausgeet. Grad well mer eng Schoulflicht hunn, hu mer och d'Flicht, eng Schoul sécher stattfannen ze loossen."

Dofir hätte jo och verschidde Bundeslänner eng Testflicht agefouert. "D'Maske ware jo bis elo obligatoresch an de Schnelltest wier jo och just dee fir an der Nues. Mir wollten eigentlech méi Normalitéit mat Sécherheet an der Klass zesummebréngen, de Minister wollt wuel haaptsächlech 'Normalitéit'". Domadder muss een elo liewen, seet de President vun der Proffegewerkschaft. Dat awer net ganz gutt an net ganz roueg. An dat och just, "esou laang d'Zuelen esou niddreg sinn, wéi se elo sinn". Wann d'Zuele klammen, da misst een natierlech reagéieren an net wéi d'lescht Joer waarden a bal bis zum Kollaps vum System fueren.

Op d'Ausso vum Claude Meisch, datt eng Testflicht méi sozial schwaach Kanner kéint benodeelegen, seet de Raoul Scholtes, datt de Minister hei dovunner ausgeet, datt bis elo all déi Leit, déi sech net Teste gelooss hunn, aus engem sozial schwaache Milieu kommen. Dorunner kann een awer seng Zweiwel hunn, esou de President vun der Féduse. Weider géif et jo och d'Méiglechkeet vum Homeschooling ginn, wa sech eng Persoun net wéilt teste loossen. Dëst hätt jo och mat eenzele Kanner, déi a Quarantän waren, scho geklappt. Et géif ee sech deem Upassen, wat de Minister gären hätt, och wann een aktuell net ganz roueg ass.

Esouwuel d'Proffegewerkschafte wéi och déi vun den Enseignanten haten no Lüftungsgeräter gefuerdert. De Claude Meisch huet dëst awer mat de selwechten Argumenter, wéi dat lescht Joer, ofgeleent. CO2-Miesser a Lëfte géifen hei duergoen, hätt de Minister gesot. "Dëst ass awer eng Opmonterung an eng Virfreed fir jiddereen, deen dat lescht Joer de kale Wanter am Klassesall erlieft huet." Zousätzlech Filtere géifen e falscht Sécherheetsgefill ginn, wier d'Argument aus dem Ministère. Fir d'Proffe kléngt dat, wéi "datt ee kee Sécherheetsgurt wéilt aus Angscht, ze séier ze fueren".

Back to Top
CIM LOGO