
Wéi bis gewosst war, datt d’Cité militaire misst erneiert ginn, ass decidéiert gi fir vill méi dicht ze bauen, huet de Logementsminister Henri Kox betount. Verschidde Gebaier misste souwisou komplett ofgerappt ginn, well Asbest dra wier. D’SNHBM wäert de ganze Site nei bebauen. Den Direkter Guy Entringer erkläert, wat geplangt ass:
“E grousst Administratiivt Gebai wat ongeféier duebel sou grouss ass wéi dat haut, d’Arméi behält 60 Wunnengen, hat der bis elo 50. An da kommen eng 124 Wunnengen dobäi, wouvun 90% an d’location abordabel solle goen an 10% an d’Vente no de normale Krittäre vun der SNHBM.”
De Quartier soll gréisstendeels autofräi ginn – ënnert dem Site gëtt awer e Parking mat 350 Plaze gebaut, déi awer ënnerschiddlech genotzt solle ginn. De Logementsminister Henri Kox :
“Am Dag fir déi, déi hei schaffen oder mol an e Commerce oder d’Verwaltung kommen an owes déi, déi hei wunnen. Et ass eng Mixitéit gesicht ginn, well nieft de Wunnengen an der Verwaltung, déi hei sollen entstoen, soll och Commerce dobäi kommen.”
De grénge Minister schwätzt vun engem optimale Projet. De Staat subventionéiert 190 Milliounen :
“Den Deel vun der staatlecher Verwaltung am Militär gëtt direkt vum Finanzministère finanzéiert, dat sinn 137 Milliounen. An de Rescht geet iwwert de fonds special du logement well déi direkt fir d’abordabel Wunnengen sinn.”
De Bagger steet schonn um ale Site vun der Cité militaire a soll nächst Woch dann och rullen. Viraussiichtlech soll de neie Quartier dann 2031 komplett fäerdeg sinn.
